Poretten mat Ham am Schäffchen

Zutaten fir 4 Persounen:

8 mettelgrouss Poretten, 8 Scheiwen gekachten Ham, 100 gr gerapte Kéis, Botter, wéinig Miehl, Mellech, 1 Ee, Salz, Peffer an Muskatnoss.

 

Poretten botzen, nemmen daat wäisst vun der Porett gett am Salzwasser gekacht.

Eng Bechamelzooss matt 50 gr Botter an 1 Iessläffel Miehl zoubereeden, matt Mellech an dem Porettenwasser ofläschen, matt engem Eegiel verfeineren matt Salz, Peffer an Muskatnoss würzen. D'Porette an Ham weckelen an eng feierfest Schossel machen an Bechamelzooss driwwer géissen, duerno matt Kéis bestreuen.

Am gehetzten Schäffchen 30 Minuten iwwerbacken am Besten matt Heizluft bei ongefähr 200 Grad.